Exklusiv-Interview mat der ierfgroussherzoglecher Koppel"Et ass een ëmmer frou, wann d'Famill sech vergréissert"

RTL Lëtzebuerg
Fir hire "klenge Charel" ass et eng ganz speziell Noriicht, dass hien e klenge Bridderchen oder eng Schwësterche kritt.
Exklusiv-Interview mat der Ierfgroussherzoglecher Koppel
D’groussherzoglech Famill vergréissert sech, de Prënz Charel kritt am Abrëll nächst Joer e klenge Brudder oder eng Schwëster.

Een Dag nodeems d’Maison Grand-Ducale offiziell matgedeelt huet, dass et nees Nowuess um groussherzoglechen Haff gëtt, huet d’Koppel eis en exklusiven Interview ginn.

Et mierkt een hinnen un, dass si sech immens freeën, dass “sech d’Famill vergréissert”. Gewosst hätt een et scho virun e puer Wochen, huet d’Ierfgroussherzogin Stéphanie am Gespréich verroden. De klenge Prënz Charel géif sech elo scho ganz vill op dat neit Gesëschterche freeën.

Back to Top
CIM LOGO