Laachen héich zweeEt ass nees esou wäit: Déi witzegst Déiere-Fotoe vun 2019 sinn eraus

RTL Lëtzebuerg
All Joer ginn déi bescht Schnappschëss mat de "Comedy Wildlife Photography Awards" ausgezeechent. Wien ass dëst Joer wuel de Spëtzereider?
© Harry Walker / Comedy Wildlife Photography Awards 2019

D’Déierefrënn dierfe sech och dëst Joer nees op Véierbeener, Fësch a Villercher freeën, déi an den onpassendsten an witzegste Momenter ertappt goufen.

Vun Zebrae mat Blend-a-med-Laachen, Ballerina-Pinguine bis hin zu Afen, déi ganz onschëlleg an der Ëffentlechkeet kopuléieren, ass fir all Humor eppes dobäi.

Den 13. November gëtt verëffentlecht, wien de Gewënner ass. Dëse gëtt mat enger Safari a Kenia belount. D’Entscheedung wäert net einfach sinn, well sécher bei méi wéi enger Foto déi eng oder aner Tréin d’Baken eroflafe wäert.

Back to Top
CIM LOGO