Serie ChrëschtdagsiwwerraschungenEugène Schmitz duerft säin éischte Vol als Kapitän absolvéieren

RTL Lëtzebuerg
E puer 100 Leit hate sech op eisen Opruff gemellt an hunn eis Leit virgeschloen, déi et verdéngt hätten, eng speziell Chrëschtdagsiwwerraschung ze kréien.

Mënschen, déi sech virun allem fir anerer asetzen a sech heiansdo selwer dobäi vergiessen.

Deel 4: Den Eugène Schmitz

Heiansdo brauch et keng grouss Erklärungen, firwat eis Zuschauer een aneren iwwerrasche wëllen. “Mäi Papp ass dee beschte Papp, deen et gëtt. Hien huet mech a mengem Liewen ëmmer ënnerstëtzt, egal wéi crazy meng Pläng waren.”, esou de Georges Schmitz vun Iechternach, deen eis gefrot huet, fir him bei enger geckeger Iddi ze hëllefen. Säi Papp, dat ass den Eugène Schmitz, haut 83 Joer al. Als jonke Mann hat den Eugène Schmitz ee grousse Beruffswonsch: Pilot ginn! Hie wollt bei déi kanadesch Arméi, fir do d’Pilotenausbildung ze maachen. Seng Mamm war kuerz nom Krich vun där Iddi net grad begeeschtert. “A well d’Kanner deemools nach hiren Eltere gefollegt hunn, hunn ech dunn eben eppes aneschters gemaach”, bedauert den Eugène Schmitz. Mä hien huet d’Rechnung ouni säi Fils an ouni RTL gemaach.

D’Cargolux bedreift um Findel zwee Fluchsimulatoren. Déi sinn eigentlech komplett ausgebucht, well déi 570 Cargolux-Piloten véier Mol am Joer do passéiere mussen. Mä mir hate Chance: et war nach ee Slot fräi, an d’Cargolux huet sech eng Freed draus gemaach, fir dem Georges Schmitz dobäi ze hëllefen, säi Papp z’iwwerraschen. Esou konnt den Eugène Schmitz säin éischte Vol als Kapitän absolvéieren. Assistéiert vum Cargolux-Pilot Claude Zehren huet de Fluchschüler Eugène mat der 747-8F virtuell en Tour iwwert Lëtzebuerg gedréint.

Serie Chrëschtdagsiwwerraschungen - Deel 4
E puer 100 Leit hate sech op eisen Opruff gemellt an hunn eis Leit virgeschloen, déi et verdéngt hätten, eng speziell Chrëschtdagsiwwerraschung ze kréien.

Deel 3: D’Christine Goergen

Op eisen Opruff hin hat sech och de Marc Goergen bei eis gemellt, dee seng Fra gären iwwerrasche wollt, well déi sech Dag an Nuecht ëm hien an hir 4 Bouwe këmmert. Fir hir Merci ze soen hat hie sech zesumme mat senge Bouwen eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Déi véierfach Mamm duerft et sech am Wellness gutt goe loossen a krut nach dobäi e selwergemaachent Bild vun hire Kanner geschenkt.

Serie Chrëschtdagsiwwerraschungen - Deel 3
E puer 100 Leit hate sech op eisen Opruff gemellt an hunn eis Leit virgeschloen, déi et verdéngt hätten, eng speziell Chrëschtdagsiwwerraschung ze kréien.

Deel 2: De Yannick

Eng Geschicht an den honnerte Reaktiounen, déi mer op eisen Opruff fir d’RTL-Chrëschtiwwerraschung kritt hunn, huet besonnesch ervirgestach. D’Marjorie wollt hiren Neveu Yannick iwwerraschen an dat aus Guddem Grond. Viru 6 Joer stoung d’Liewe vum Yannick senger Famill nämlech kuerz stëll. Mat nëmmen 20 Méint erdrénkt hire Bouf an enger Schwemm an engem Foyer. Konsequenz: en Häerzkreeslafstëllstand vun 30 Minutten. D’Famill wousst net ob e géif iwwerliewen. Ma d’Rettungsekippe kruten hie glécklecherweis reaniméiert, nawell war dem Yannick seng Zukunft ganz ongewëss. Haut geet et dem Yannick besser, ma d’Accident huet leider bleiwend motoresch Schied hannerlooss. Trotzdeem feelt et der Famill a virun allem dem Bouf net u Liewensfreed a genee dowéinst war et senger Tatta wichteg, dëse Kaddo ze maachen.

Serie Chrëschtdagsiwwerraschungen - Deel 2
E puer 100 Leit hate sech op eisen Opruff gemellt an hunn eis Leit virgeschloen, déi et verdéngt hätten, eng speziell Chrëschtdagsiwwerraschung ze kréien.

Deel 1: D’Germaine Kurt Cleesen

D’Germaine Kurt Cleesen ass esou en gutt Séil. An dat scho laang a souguer och haut nach mat ëmmerhin 90 Joer. A genee dowéinst maache mir och den Optakt mat hirer spezieller Surprise, déi gegléckt ass, well d‘Germaine hat wierklech guer keng Anung, wat mir zesumme mat hirer Famill fir si virbereet haten. An et gouf direkt méi wéi eng Iwwerraschung. Net nëmmen eng Surprise vun der Famill, e flotte Kaddo fir sech an hir Kaz, mä si huet och nach vum Dan Spogen e Bouquet Blumme krut, si ass nämlech scho laang e Fan.

Serie Chrëschtdagsiwwerraschungen - Deel 1
E puer 100 Leit hate sech op eisen Opruff gemellt an hunn eis Leit virgeschloen, déi et verdéngt hätten, eng speziell Chrëschtdagsiwwerraschung ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO