
Wéi d’Police matdeelt, hat de 50 Joer ale Mann der Fra an engem Bësch opgelauert, fir hir do säi bescht Stéck ze weisen. Déi 39 Joer al Fra war net immens beandrockt, am Contraire. D’Fra huet de Mann ausgelaacht. Dee war doduerch esou erstaunt a wuel och extrem genéiert, dass e sech op engem Vëlo ganz séier duerch d’Bascht gemaach huet. D’Fra huet eng Plainte bei der Police gemaach, déi elo géint Onbekannt ermëttelt.