De Fabian Lauer huet schonn als Bouf Piano geléiert, ier mat 13 Gittar derbäi komm. De Museker a Sänger vu Mäerzeg wunnt zwar nach an Däitschland, awer seng Aarbecht bréngt en al Dag op Lëtzebuerg, wou en 2017 bei der Museksplattform “Jamendo” seng éischt Schrëtt gemaach huet. Virun 2 Joer huet en ugefaangen, seng eege Stécker ze schreiwen, wou e sech vu Kënschtler wéi Eric Clapton a Mark Knopfler leede gelooss huet. Fir de Museker aus dem Saarland war Corona eng produktiv Zäit mat 2 neie Singlen “Dead or Alive” a “Seeing is believing”.
Den Alain Frei ass e Schwäizer. An Däitschland huet hie seng nei Heemecht fonnt a no der Schauspillschoul huet hie säin Talent als Comedian entdeckt. Säi Virnumm krut e wéinst dem franséischen Acteur Alain Delon. Säin éischten Optrëtt hat hien am “Quatsch Comedy Club”, 2011 war e beim “RTL Comedy Grand Prix” derbäi an och bei “Nuhr ab 18" konnt een hie scho gesinn. Mat sengem Programm “Grenzenlos” wëll e soubal wéi méiglech op Tournée goen, a sou laang mécht hien e puer Optrëtter an Autokinoen oder hëlt mat Kolleegen e Podcast op.
D’Kate Bolshakova ass 2015 op LA ausgewandert. Zanterhier nennt sech d’Lëtzebuergerin “Bolshiee” an huet séier Karriär als Actrice a Sängerin gemaach. Als Actrice konnt een d’Kate an e puer amerikaneschen an europäesche Film- an Theaterprojete gesinn. Heifir gouf et zum Beispill de Präis “Best Supporting Actress”. Als Sängerin huet d’Bolshiee eleng op Spotify 1 Millioun Streamen a wann een déi aner Plattforme matzielt, ass ee bei 6 Milliounen.