Mythen"Fakten", déi all Mënsch gleeft, awer guer net stëmmen

RTL Lëtzebuerg
De Mënsch huet méi wéi 5 Sënner, Fliedermais sinn net blann an déi chinesesch Mauer gesäit een net vum Weltraum aus.

Mam Internet an de sozialen Netzwierker, ass de Begrëff vun de Fake News opgedaucht a virun allem an de leschte Joren zu engem Begrëff ginn, deen international praktesch vun all Mënsch kennt. Ma dass et „Fake News“ oder besser gesot falsch Fakte schonn ëmmer iergendwéi gouf, ass ville Leit guer net sou bewosst. Hei eng Sammlung u falsche Fakten, mat deenen elo mol opgeraumt gëtt.

- Mënschen hunn net just 5 Sënner, ma d’Wëssenschaft geet dovunner aus dass et tëscht 7 an iwwer 20 Sënner ginn, jee nodeem wéi een e Sënn definéiert. Heizou gehéieren niewent de klassesche Sënner zum Beispill d’Gläichgewiicht, den Temperatur-Sënn oder d’Péng.

- Dass Mënsche just 10% vum Gehir benotzen ass eng Legend. Et ass zënter Joerzéngte gewosst, dass d’Gehir praktesch komplett an ëmmer aktiv ass, just dass d’Stäerkt vun den Aktivitéiten am Gehir jee no der Aart a Weis wéi mer et benotzen, changéiert.

- Fliedermais gesinn niewent hirem Echosystem erstaunlech gutt a schaarf a sinn net blann.

- Pinguine bleiwen net hiert Liewe laang zesummen, mä siche sech an de meeschte Fall nodeems déi kleng op der Welt sinn, nees en anere Partner. Monogam sinn se op alle Fall an de mannste Fäll.

- Déi chinesesch Mauer géif een aus dem Weltraum aus gesinn, well se sou grouss ass. Dat stëmmt awer och net wierklech, se ass, wann iwwerhaapt, nëmme ganz schwéier, bis guer net ze erkennen. Vum Mound aus ass et op alle Fall onméiglech, se z’erkennen.

- Chameleone wiessele bekanntlech hir Faarf... Allerdéngs haaptsächlech fir ze kommunizéieren a net fir sech ze tarnen

- De Napoleon ass e klenge Mann gewiescht... Esou heescht et am Volleksmond. Allerdéngs war de Napoleon mat enger Gréisst vun 1.70 Meter a relativ grousse Mann fir seng Zäit.

- Hënn schweessen net, wéi vill Leit mengen, iwwert d’Zong. Se schweessen iwwerhaapt net, mä killen hir Kierpertemperatur iwwert d’Zong of.

- D‘Fanger knacke loossen ass eppes, dat vill Leit maachen an da virgehäit kréien, dass dat Arthros ervirrifft. Dat ass komplett falsch. An de Fangere platze kleng Loftblosen an enger Flëssegkeet beim “knacken”, sou ass d’Geräisch och z’erklären. Schiedlech ass dëst awer op kee Fall.

- E Fräsch, deen a Waasser sëtzt , dat kacht, bleift net einfach sou dra sëtzen, och net, wann een d’Waasser no a no zum kache bréngt. Iergendwann spréngt och de Fräsch eraus.

- Beem si verantwortlech fir de Sauerstoff dee mir ootmen. Dëst ass net ganz falsch, allerdéngs bei wäitem net sou vill, wéi mir mengen. De sougenannte Phytoplankton am Mier ass ganz eleng fir iwwer 70% vum Sauerstoff op eiser Äerd verantwortlech.

- Muerte sinn natierlech gesond, allerdéngs si se net dofir do, fir eis Ae besser ze maachen. Dëst ass eng Ligen, déi schonn am éischte Weltkrich an d’Welt gesat gouf.

- Dass Mamme vu Villercher, Huesen oder Kanéngercher hir Kleng net méi akzeptéieren, wa Mënschen se upaken, ass komplette Quatsch. Villercher besëtzen net emol e Gerochssënn.

- Hënn gesinn net just schwaarz a wäiss, mä kënne souguer relativ vill Faarwen erkennen. Ebe just net sou vill wéi mir Mënschen.

- De Christopher Kolumbus, och wann d’Europäer sech dat gären arieden, huet net Amerika als éischt entdeckt, mä déi amerikanesch Urawunner si scho ronn 1.000 Joer viru Christus vu Grönland op Neifundland iwwergesidelt.

- Verschidden Deeler vun der Zong, schmaache verschidden Goûten. Dëst stëmmt nëmmen deelweis, well d’Geschmacksrezeptore verdeelt iwwert déi ganz Zong verstreet sinn a net just verschidde Beräicher bestëmmte Goûten ophuele kënnen.

- Den Albert Einstein war alles anescht wéi schlecht an der Mathe, wéi sou dacks behaapt gëtt. Hie war souguer mat dee beschte vu senger ganzer Schoul.

- Dokteren no ass et falsch, de Kapp an d’Nuque ze leeën, wann een aus der Nues blutt. Et wier besser, de Kapp no fir, e wéineg gebéckt ze halen. Wann d’Blutt zeréck an den Hals leeft, kéint dat zu Problemer féieren.

Back to Top
CIM LOGO