Weltkannerdag"Famillenduell"-Spezial mat RTL-Mataarbechter a Promie fir de gudden Zweck

RTL Lëtzebuerg
Et ass schonn déi zweete Kéier, datt fënnef RTL-Mataarbechter an enger Spezialemissioun vum Famillenduell untrieden.
100 Kanner hu mer fir de gudden Zweck gefrot
RTL-Leit vs Promie fir de gudden Zweck... Dat ass de Famillenduell-Spezial fir de Weltkannerdag.

Fir de Weltkannerdag hu mer dofir eng Ekipp vu Lëtzebuerger Sportler mam Kapitän Gilles Muller bei eis an d’Studioen invitéiert. Besonnesch drun ass, dass mir fir dës Emissioun keng 100 Leit, mä100 Kanner gefrot hunn an dat kéint fir sou muncher ee guer net sou einfach sinn.

Wie vu béiden Ekippen an d’Finall kënnt, huet d’Méiglechkeet Suen fir d’Unicef ze gewannen, déi gespent vun der Organisatioun Fifty- One International District 104 gespent ginn. Mat de Sue gëtt d’Wanteraktioun vun der Unicef ënnerstëtzt, déi Kanner, deenen et kal ass, waarm Mutzen, Jacketten an Stiwwelen zur Verfügung stellen.

Promie spille fir de gudden Zweck: Déi ganz Emissioun

Famillenduell Saison 2: Promie spille fir de gudden Zweck
Fir de Weltkannerdag hunn eis Famillenduell-Participanten nämlech missen aus der Siicht vu Kanner äntwerten,

Back to Top
CIM LOGO