Biller vum Dag - EMEFamily Day um Samschdeg och fir Grouss a Kleng vum Haff

RTL Lëtzebuerg
Virun 10 Joer ass Fondatioun EME - "Écouter pour mieux s'entendre" - an d'Liewe geruff ginn.
© Sébastien Grébille

Fir de ronne Gebuertsdag gouf e Samschdeg um “Family Day” an der Philharmonie kënschtleresch Diversitéit presentéiert, dat a Präsenz vun der groussherzoglecher Koppel, hirem Fils Prënz Felix a seng 2 Kanner d’Prinzessin Amalia an de Prënz Liam.

Vu Gesang- an Danzspektakelen ënner der Leedung vum Sylvia Camarda an David Galassi iwwer Museksateliere fir Kanner bis zu Concerten – d’Fondatioun EME huet de Motto “Freed schenken duerch Musek” praktesch ëmgesat.

Grouss a Kleng konnten nokucken an d’Atmosphär genéissen oder selwer bei Museksateliere matmaachen.

Inclusioun duerch Konscht ass den Defi, deen d’EME och déi nächst 10 Joer wëll ugoen.

VIDEO: 10 Joer Fondatioun EME
Och haut huet d’Fondatioun nach de But, eelere Leit, Mënsche mat Behënnerung, kranke Leit oder sozial benodeelegte Mënsche Konscht méi no ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO