Schalke-BayernFan mécht Plainte géint Arbitter a Videoassistenten

RTL Lëtzebuerg
De Match Schalke 04 géint Bayern München kéint elo och nach e juristescht Nospill hunn.
© AFP

Zwee Mol Händs an zwee Mol net gepaff. Dat ass wuel d’Meenung vu ville Futtball-Fans, déi de Match Schalke 04 géint Bayern München gekuckt hunn, deen d’Bayern mat 3:0 fir sech entscheede konnten.

Ee Fan war awer besonnesch rosen iwwert d’Leeschtung vum Arbitter an huet elo bei der Police vu Gelsenkirchen eng Plainte deposéiert, datt géint den Arbitter an d’Videoassistenten. Grond: Bedruch, well d’Arbitter béid Eelefmeter fir Schalke, no Handspill vun engem Bayernspiler, net gepaff hunn.

Dat op alle Fall schreift d’Police vu Gelsenkirchen op hirem offiziellen Twitter-Account.

Back to Top
CIM LOGO