Méi wéi just séissHunneg Sommelier

Christian Schmit
D’Aziza Boukha vun der EHTL, der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg, huet eis matgeholl an déi faszinéierend Welt vum Hunneg.
© Christian Schmit

Kann en Imker dobäi och zum Sommelier vu sengem eegene Produit ginn? Absolut, seet d’Aziza Boukha. Genee wéi e Wäin-Sommelier kéint hien d’Aromen, de Geroch an de Goût vum Hunneg analyséieren a beschreiwen. Als Produzent kennt den Imker dobäi säin Terroir a seng Beien natierlech besonnesch gutt.

Hunneg soll een nämlech net einfach op „séiss“ reduzéieren. Faarf, Konsistenz, Geroch, Aroma a Geschmaach kënnen, jee no Joreszäit a Géigend, ganz ënnerschiddlech sinn.

An eisen Nopeschlänner ginn et schonn Ausbildungen zum Hunneg-Sommelier. Zu Lëtzebuerg nach net, mä d’EHTL kéint mat hirem Laboratoire d’analyses sensorielles eng interessant Plaz dofir sinn.

An och an der Kichen spillen déi Ënnerscheeder eng Roll. Ob séiss oder salzeg Platen, net all Hunneg passt zu all Rezept. Dofir réit d’Aziza Boukha den Imker, op den Etiketten net nëmme „Lëtzebuerger Hunneg“, „Summerhunneg“ oder „Wanterhunneg“ ze schreiwen, mä och säi Charakter ze beschreiwen: hell, intensiv oder mëttelintensiv. Dat kéint dem Konsument hëllefen, dee passenden Hunneg fir säi Plat erauszesichen.

D’Aziza Boukha vun der EHTL, der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg, huet eis matgeholl an déi faszinéierend Welt vum Hunneg.

Back to Top
CIM LOGO