Hien ass scho jorelaang net méi aktiv. Wéi awer bekannt ginn ass, dass en op Lëtzebuerg géif kommen, du konnte seng Fans et kaum erwaarden. De Luis Figo war e Samschdeg de Mëtten fir eng Autogrammstonn an engem Shopping Center um Kierchbierg. De fréiere portugiseschen Futtballnationalspiller huet ganz vill Fans ugezunn. Mir waren beim Event dobäi an hunn nogefrot, wéi si hiert Idol erlieft hunn.