Télévie 2026 ass lancéiertFeelen, Biissen a Rodange sinn d'Zentere fir déi 25. Editioun
Am Live! war et esou wäit. Déi 25. Editioun vum Télévie gouf lancéiert.
Lancement vum Télévie 2026 - Andréck aus der RTL City vum Ketty a Rom Hankes (21.11.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Feelen, Biissen a Rodange sinn déi nei Zentere vum Télévie 2026. Si léissen domadder Dippech, Käerch a Schengen of. A fir 25 Joer Télévie zu Lëtzebuerg ze feieren, si schonn e sëllegen aussergewéinlech Iddien an der Maach.
Lancement vum Télévie 2026 - Andréck aus der RTL City vum Henri Schwirtz (21.11.25)
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Zesummen mat der Gesondheetsministesch Martine Deprez gouf fir dës besonnesch Geleeënheet eng grouss ’25' devoiléiert, déi een elo mat perséinlechen Messagen vollpeche kann. Fir dës Geleeënheet hate sech vill Frënn vum Télévie afonnt, wéi d’Presidentin vum Kiwanis Nathalie Frisch, d’Chercheuren aus dem Labo vum LIH, d’Memberen aus der Direktioun vum Cactus déi Partner sinn an net ze vergiessen: d’'Survivors’, Kanner an Erwuessener déi, déi schlëmm Krankheet iwwestaan hunn.
De Lancement vum Télévie am Live! Planet People
Lancement Télévie 2026 (Deel 1)
Feelen, Biissen a Rodange sinn d’Zentere fir déi 25. Editioun
Lancement Télévie 2026 (Deel 2)
Feelen, Biissen a Rodange sinn déi nei Zentere vum Télévie 2026.