Wéinst QualitéitsproblemerFerrero stoppt Produktioun a gréisster Nutellasfabrik

RTL Lëtzebuerg
Ob et sech ëm e bakterielle Problem dréit, ass nach onkloer. D'Wierk a Frankräich stellt ronn e Véierel vun der weltwäiter Produktioun hier.
© CHARLY TRIBALLEAU / AFP

Wéinst Qualitéitsproblemer huet Ferrero d’Produktioun a senger gréisster Fabrick, wou d’Firma Schockelasbotter hierstellt, gestoppt.

D’Produktioun zu Villers-Ecalles a Frankräich gouf op Äis geluecht, well ee bei enger Kontroll festgestallt huet, datt ee Produit net de Standarde géif entspriechen, déi d’Entreprise Ferrero sech awer wëll ginn.

Bei enger Kontroll en Dënschdeg ware Problemer bei der Qualitéit vun engem Ingredient fir Produite wéi Nutella oder Kinder Bueno opgefall. Op et sech ëm e Problem mat Bakterien dréit, ass net gewosst, Ferrero géif dat am Moment préiwen.

Foto aus dem Wier zu Villers-Ecalles (F)
Foto aus dem Wier zu Villers-Ecalles (F)
© CHARLY TRIBALLEAU / AFP

Wéi de Produzent erkläert, wieren awer Produiten déi schonn op de Marché koumen, weiderhi gutt fir z’iessen. Et sollen och keng Enkpäss um franséische Marché ginn.

Zu Villers-Ecalles an der Normandie produzéiert Ferrero ronn 600.000 Glieser Nutella den Dag, also ronn e Véierel vun der weltwäiter Produktioun.

Och zu Lëtzebuerg steet eng Firmenzentral vu Ferrero, dat an der Géigend vun der Kalchesbréck.

Back to Top
CIM LOGO