
De Michael Packard war op der Sich no Homarden, wéi e Wal hie kuerzerhand ofgeschléckt huet. No 30-40 Sekonnen huet d’Déier hien dunn awer nees erausgespaut. Sou gutt huet den Amerikaner du wuel awer net geschmaacht...
Dass hien immens Gléck hat, ass dem Mann aus Provincetown duerchaus bewosst. Hien ass nämlech ouni gréisser Blessuren dovu komm. En hat zwar iwwerall blo Plazen, awer d’Schanke wieren net gebrach gewiescht. No kuerzer Zäit duerft hien och nees d’Spidol verloossen.
Am Interview mat CBSN Boston huet de Fëscher erzielt, dass hien an enger Déift vun 13 Meter ënnerwee war. Du war op eemol alles schwaarz. Ugangs hat hie geduecht, dass en Hai hien ugegraff hätt. Eréischt méi spéit huet hie festgestallt, wou hien dru wier... Nämlech am Maul vun engem Wal! Well et dem Déier net gelongen ass, hien ofzeschlécken, ass de Wal un d’Uewerfläch geschwommen an huet de Mënsch nees erausgespaut.
Ob de Michael Packard dës dach éischter aussergewéinlech Geschicht just erfonnt huet? Ma de Mann huet en Zeien! De Josiah Mayo war deen Ament mat engem Schëff ënnerwee, huet him aus dem Waasser eraus gehollef an d’Secouriste geruff. Donieft ass de Retter an Nout och nach de Jong vun engem Fuerscher an Expert fir Walen am “Center for Coastal Studies”. An dat mécht et fir d’Direktesch vum Fuerschungszentrum, d’Jooke Robbins, duerchaus glafwierdeg. Si hätt zwar nach ni virdru vun esou engem Virfall héieren, awer hält et fir méiglech.