
Wien den néidege Portmonni huet, dee ka sech de Wunnsëtz, deen zu Wiltshire an der Vente ass, duerchaus leeschten. 3,75 Millioune Pond soll d’Härenhaus “Bolehyde Manor” kaschten, ëmgerechent ronn 4,2 Milliounen Euro. A fir dat Geld kritt een och genuch gebueden: 8 Schlofzëmmer, 4 Buedzëmmer, 4 Ëmfanksraim respektiv Wunnzëmmer, Wäikeller, Ställ, Tennisplaz, Pool, risege Gaart mat Bio-Geméisgaart, e puer Logementer fir Mataarbechter an eng Bamhaus-Anlag komplettéieren d’Offer.
Ma et ass net just dat 700 Joer aalt Haus aus Steng oder dee ville Luxus, dat nawell e puer Interesséierter wäert unzéien. De Fait, dass et sech beim Haus, ëm dat Haus handelt, an deem d’Herzogin Camilla mat hirem Ex-Mann Andrew Parker Bowles gewunnt huet. 1973 solle si d’Haus zesumme kaf hunn, ier et vill Joren duerno zum Libesnascht vum Camilla an dem Prënz Charles gouf, an dat ier a wärend hie mat der Lady Diana bestuet war.