Ugefaangen un der spuenesch-franséischer Grenz an de Pyrenäe geet et knapp 800 Kilometer a Richtung Zil, dem Graf vum Apostel Jakobus zu Santiago de Campostela a Spuenien.
Ma et gëtt awer uechter Europa e ganzt Netz aus Jakobsweeër, déi all erof a Spuenien féieren. Och zu Lëtzebuerg gëtt et en Deel dovunner, dee knapp 180 Kilometer laang ass. Vun Ouren aus der Belsch, net wäit vu Wäiswampech ewech, geet et erof op Schengen, wou d’Schlussetapp ass.
A 7 Deeg huet sech e Grupp vun 3 Kolleegen, dee sech wärend hirem Congé virgeholl gehat, nieft dem perséinleche sportlechen Challenge och eppes Guddes fir anerer ze maachen a sou sammele si Sue fir zwou Organisatiounen iwwert hir Säit op Facebook.