Fashion WeekFir eng éischte Kéier och zu Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Paräis, Mailand, New York! Alles Stied, déi fir hier grouss Moudezeen bekannt sinn.
Fashion Week zu Lëtzebuerg
Och hei am Land ass den Interessi u Moud an hiren Designer grouss.

Mat spektakuläre Fashion-Shows ginn d’Kreatioune vu bekannten Designer gefeiert. Am Rollengergronn huet de Château de Septfontaines e Samschdeg seng Dieren fir déi éischt “Fashion Week” zu Lëtzebuerg opgemaach. An déi weist, datt och hei am Land e groussen Interessi u Moud existéiert.

D’Zil vun dëser Fashion Week ass et, Lëtzebuerg op eng international Plattform an der Welt vun der Moud ze bréngen.

Back to Top
CIM LOGO