
Vill Alkohol, net genuch giess an nach manner geschlof... d’Resultat ass en Hangover. Och wann et owes Spaass mécht, an enger gemittlecher Ronn e puer Fläsche Béier oder aner Saachen ze drénken, ass den décke Kapp den Dag drop alles anescht wéi schéin. E Grond, fir sech krank ze mellen, ass dëst awer net.
Fir ze vermeiden, dass hir Employéen an esou engem Zoustand op d’Aarbecht kommen an um Schreifdësch viru sech hi vegetéieren, huet sech eng Firma aus Bolton eppes afale gelooss. “Mir wëllen de méi Jonken eppes ubidden, déi vläicht owes an der Woch erausginn. Mäin Team bucht dowéinst den ‘Hangover Dag’ am Viraus, wa si wëssen, dass si wäerte feiere goen”, esou d’Grënnerin vun der brittescher Firma “The Audit Lab”.
Geschafft gi muss awer trotzdeem, ob mat oder ouni Kappwéi. Et dierf een awer vun doheem aus seng Aarbecht maachen, ongewäsch am Jogging a mat enger Rëtsch Asperin-Tabletten nieft dem Laptop. Streng geholl ass et näischt anescht wéi en Dag Homeoffice, just méi attraktiv verpak. Ausserdeem fërdert dëst Konzept den éierlechen Ëmgang tëscht de Cheffen an de Mataarbechter.