KavalkadenFlott Fotoe vu Waasserbëlleg, Réimech a Péiteng

RTL Lëtzebuerg
Virun de Kavalkaden zu Péiteng an zu Réimech e Sonndeg, war e Samschdeg den Owend zu Waasserbëlleg schonn déi véierten Nuetskavalkad.

30 Ween, 8 Museksgruppen an 12 Fouss-Ekippe waren op der Nuetskavalkade mat derbäi, wéi et um 18.11 Auer lassgoung. Am Ganze war et ewell déi 32. Waasserbëlleger Kavalkad, déi zanter 2004 vun de „Bëllaja Bratzelsgecken“ organiséiert gëtt, nodeems et se och an de 60er a 70er Jore schonn s 16 Joer laang gouf. Als Nuetskavalkad war et dëst Joer déi 4. Editioun.

Um Sonndeg ass dann um 14.11 Auer de Cortège zu Péiteng lassgaangen. Bei der eelster a gréisster Kavalkad am Land waren eng 50 Nummere verginn, opgedeelt op Foussgruppen, Museken a Ween. Den neien Drot, deen d’Arméi zu Lénger just e puer Kilometer vu Péiteng opgeriicht huet, schéngt awer net vill gehollef ze hunn, well déi Areler Wëllschwäin haten de Wee op Péiteng fonnt.

E puer Minutte méi spéit hu sech du 44 Gruppen zu Réimech op de Wee gemaach.

VIDEO: Kavalkaden zu Réimech a Péiteng
44 Ween waren zu Réimech am Asaz, der 50 waren et zu Péiteng.

Back to Top
CIM LOGO