Privat AndréckFotoe vum Cocktail an Iessen no der reliéiser Hochzäitsfeier

RTL Lëtzebuerg
D'Grande-Duchesse huet knapp véier Deeg no der kierchlecher Zeremonie vun hirer Duechter a Südfrankräich e puer privat Andréck vun der Feier gedeelt.
© https://www.instagram.com/p/Crx69cvt4pn/ by Instagram / Grande-Duchesse Maria Teresa

Déi elegant Dekoratioun op der Hochzäitsfeier vun der Prinzessin Alexandra mam Nicolas Bagory gouf vun der Grande-Duchesse perséinlech ausgewielt an zesummegestallt.

Den risegen Hochzäitskuch, eng Mëschung tëscht traditioneller Bottercrème-Taart a Bamkuch, deen zu Bormes-les-Mimosas zerwéiert gouf, ass iwwregens vun enger bekannter Lëtzebuerger Patisserie.

RTL-NEWS: D’Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory hu fir d’Zweet “Jo” gesot

Back to Top
CIM LOGO