Mëssverständnes bei GebuertsdagskuchFra kritt eng Marihuana-Taart

RTL Lëtzebuerg
Eng 25 Joer al Fra aus Atlanta, Georgia erlieft eng ganz besonnesch Gebuertsdagsiwwerraschung. Amplaz eng "Moana"-Taart, krut si eng Marihuana-Taart.
© Kensli Taylor Davis

D’Mamm vu Kensli Davis wollt hirer Duechter eng Taart bestellen. Der Duechter hirem Facebook-Post no, hunn d’Aarbechter vun der Bäckerei “Dairy Queen” eppes falsch verstanen, well d’Bäckerei huet eng Cannabis-Dekoratioun amplaz Disney-Motiver gebak.

Am Post stoung: “Meng Mamm huet also dohinner ugeruff, fir eng Taart fir mech ze bestellen. Dobäi huet si hinnen erzielt, ewéi gär ech Moana hunn. Tjo, dir kënnt iech wuel denken, datt d’Aarbechter duechten, si hätt Marihuana gesot. De Kuch huet trotzdeem gutt geschmaacht. “

Back to Top
CIM LOGO