Ronn 100 Investisseuren aus der ganzer Welt treffen do op jonk Lëtzebuerger Firmegrënner. En Event, deen net nëmmen den Networking vereinfache soll, mee och den Austausch iwwer nei Technologien.
E Mann, deen dofir bekannt ass, och Risiken anzegoen a säi Geld a jonk innovativ Geschäftsiddien ze investéieren, ass extra dofir ageflunn: de Frank Thelen. Hien ass bekannt aus der Emissioun “Die Höhle der Löwen”, déi zënter 5 Joer op Vox leeft.
Virun der Konferenz huet d’Isabelle Henschen hie fir en Interview getraff. An dat a bëssen enger anerer Form wéi gewinnt.