Wann de Franky Hippert an de Serge Pauly dëse Weekend derfir suergen, dass d’Formel 1 Lëtzebuergesch schwätzt, dann ass dat d’Kiischt um Kuch fir déi zwee, déi ee schonn aus villen anere Beräicher kennt.

Soubal de Franky um Radio lass leet, fir Football oder Tennis ze kommentéieren, dann ass hien net méi ze bremsen, an duerch den Automag kennt de Serge sech aus, wann et ëm vill PS a schéin Autoen geet.

Den Qualifying samschdes an de Grand-Prix sonndes wäerte si elo an de nächsten 3 Joer zu engem Tandem zesumme schweessen. Ze gesinn um RTL Zwee an am RTL Play.
De Marco Rock ass mat sengen 2'04 eng grouss Nummer am Basket, an e grousst Häerz huet hien och. No senger aktiver Karriär, bleift hien dem Basket trei als Trainer an hëlleft hannert de Kulissen. Dem Rocky säin Engagement gehéiert awer och dem Télévie an de Special Olympics a rezent war hien an Nigeria fir do Kanner fir de Basket ze begeeschteren an hat hinnen Basketsschlappen matbruecht.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.