1. Versuch schifgaangFranky Zapata packt et am 2. Versuch mam Flyboard iwwer den Äermelkanal

RTL Lëtzebuerg
Virun 10 Deeg ass en éischte Versuch schifgaang, hie war bei engem Tankstopp ofgestierzt. Dës Kéier huet de Franky Zapata et iwwer den Äermelkanal gepackt.
© AFP

Packt hien et dës Kéier oder fält e nees an d’Waasser? Dat war d’Fro, déi sech dausende Spectateuren an der Manche gestallt hunn.

De Fransous Franky Zapata hat e Sonndeg en zweete Versuch lancéiert, fir mat sengem Flyboard iwwert den Äermelkanal ze fléien. An et huet et gepackt. Géint 8.40 Auer ass hie sécher zu St Margeret’es Bay, op der britescher Säit vun der Manche op enger Plattform gelant.

En iwwergléckleche Franky Zapata

Fir déi ronn 35 Kilometer aus Nordfrankräich, iwwert d’Manche bis op Dover, huet den als “Homme volant” bekannte Fransous ronn 20 Minutte gebraucht. De Sprit, deen hien an engem Rucksak bei sech huet, geet awer just duer fir d’Halschent vun der Streck, dofir muss op hallwem Wee nogetankt ginn.

Sou richteg bekannt gouf den Zapata, wéi hien um franséischen Nationalfeierdag, dem 14. Juli, zu Paräis bei der Militärparad derbäi war an do mat senger mobiller Düseplattform iwwert d’Käpp vun de Staatsgäscht geflunn ass.

© AFP

Back to Top
CIM LOGO