Neie WeltrekordFranséisch Scouten hunn e Kapla-Tuerm vun 18,76 Meter gebaut

RTL Lëtzebuerg
Mat iwwer 11.000 klenge Kapla-Holzstécker, déi bei ville Kanner an der Spillkëscht ze fanne sinn, hu 4 Scouten zu Mulhouse e risegen Tuerm gebaut.
© AFP

Mam Tuerm vun 18,76 Meter hunn déi franséisch Scouten en neie Weltrekord opgestallt. Dee Rekord war och a Frankräich, méi genee zu Lyon opgestallt ginn. Deen Tuerm war 18,4 Meter héich.

“Mir hunn eis geduecht, wisou net dëse geckege Projet ugoen”, sou de 15 Joer ale Jonathan Wild, ee vun de Konstrukteuren. Hien a seng 3 Scoutskolleegen aus Grenoble hu 4 Deeg gebraucht, fir de Rekord ze briechen. Si sinn dofir extra bis an dat ostfranséischt Mulhouse gereest, wou et eng Hal mat enger 25 Meter héijer Kloterwand gëtt. Do hate si dann och d’Méiglechkeet hiren Tuerm aus am Ganzen 11.200 Kapla-Holzstécker ze bauen.

Fir hire Rekord war eng Preparatioun vun e puer Méint néideg. Déi 4 Frënn hu genee studéiert, wéi den Tuerm gebaut muss sinn, fir dass en och hält. Si hunn dobäi verschidde Bau-Techniken ausprobéiert. Um Enn huet och déi néideg Gedold den Ausschlag ginn. Déi ganz Konstruktioun huet dem Antoine Piollat no, de Chef vum Scoutsgrupp Saint-Jean, ronn 120 Kilo gewien.

Dat ursprénglecht Zil vun 21 Meter gouf trotz all de Preparativen net erreecht, well e puer Kapla-Stécker, déi zur Dispositioun gestallt goufen, beschiedegt waren oder net dat selwecht Gewiicht haten. Ee Furri gouf et nach fir déi 4 nodeems de Rekord confirméiert war: E Sonndeg de Moie hu si den Tuerm zesummen zum Astierze bruecht.

Back to Top
CIM LOGO