
De Benoit Bruel, Gerant vum Restaurant Deliss Pizza zu Lyon huet en neie Rekord op d’Bee gestallt. 30 Zentimeter laang an 730 Gramm schwéier ass seng Kreatioun: eng “Pizza aux 257 fromages”. Weltwäit gëtt et kee Lokal, an deem eng Pizza mat nach méi Zorte Kéis beluecht gëtt.
Zejoert hat den Australier Johnny di Francescon de Weltrekord mat 154 Kéiser gebrach. Bannent 5 Deeg gouf d’Pizza net manner wéi 790 Mol bestallt.
Wann ee bedenkt, dass et a Frankräich iwwer 300 verschidde Kéiser ginn, dierft ee sech op e méiglechen neie Weltrekord freeën...