Am Kader vun dësem Brimborium iwwerhuelen d’Fuesgecken natierlech just reng symbolesch d’Muecht an der Gemeng zu Tréier. Well de Buergermeeschter selwer net do war, offiziell op enger “Déngschtrees” huet seng Stellvertriederin Elvira Garbes d’Schlëssele vun der Stad un d’Gecke ginn. Fir si war et wuel hir lescht grousst Amtshandlung, well hir Amtszäit geet e Sonndeg no aacht Joren op en Enn. Mat dësem symboleschen Akt, wou sech “d’Garde vun der Stad” vum Fuesëmzuch iwwerrompele gelooss huet, andeems ee sech hinnen ugeschloss huet, gouf d’Fueszäit an der eelster Stad an Däitschland offiziell agelaut.
Um 11.11 Auer en Donneschdeg de Moie gouf et um Hauptmarkt d’Proklamatioun vun der Prënzekoppel. D’Lea an den Tommy goufe mat enger Dréileeder vun de Pompjeeën op eng Héicht vun 6,5 Meter bruecht, dat op d’Héicht vun der Figur vum Bunnen op der Maartplaz vum Hellege Petrus, dem Schutzpatroun vun Tréier. Honnerte Fuesgecke waren dohinner komm, fir hir Proklamatioun ze lauschteren an ze bejubelen.
Dono ass et mat de Feierlechkeete lassgaangen, dat mat engem grousse musikalesche Programm an extra och eng Party op Jonker zougeschnidden. Da spillt Sécherheet bei der fënnefter Joreszäit och eng wichteg Roll. Wärend et e Glasverbuet um Hauptmarkt gouf, gëtt et och e speziellt Sécherheetskonzept fir de Rosenmontag. Genau wéi och op Weiberfastnacht, also dësen Donneschdeg, sinn nächste Méindeg vill uniforméiert Polizisten an Tréier ënnerwee. Donieft gëtt iwwer Tréier och eng Zon ageriicht, an deem Beräich keng Dronen dierfe fléien. Fir d’Jecke ginn et dann och verschidde Limitatiounen: Si dierfe sech zum Beispill just als Poliziste verkleeden, wann hire Kostüm net den Androck mécht, wéi wa si richteg Beamte wieren. Och Waffen, déi echt ausgesinn, sinn net erlaabt.
D’Police huet dann d’Leit och drop opmierksam gemaach, datt Onéierlecher gär vun esou Evenementer profitéieren, fir de Leit Portmonnie a Co aus der Täsch ze klauen.