
Do huet d’Gala-Redaktioun wuel net genee genuch recherchéiert, respektiv huet eppes falsch verstanen, wéi hinnen dëse Fauxpas geschitt ass.
An engem Artikel vun der Gala, steet direkt am Ufank “Nicht nur Luxemburg trauert um Altgroßherzog Jean, sondern auch Europas Adelige. Zur Beerdigung in der Kathedrale von Trier erschienen hochrangige Royals wie König Carl Gustaf, Königin Margrethe und Fürst Albert, um Abschied zu nehmen...”

Allerdéngs schéngt et awer kloer, dass d’Begriefnes vum Grand-Duc Jean, de fréiere Groussherzog vu Lëtzebuerg och an der Kathedral an der Haaptstad Lëtzebuerg ass a net an der däitscher Stad Tréier.
Domadder net genuch, och den Trauermarsch ass net de kuerze Wee duerch d’Stad Lëtzebuerg, mä duerch d’Alstad vun Tréier gaangen.

Grad fir eng Boulevard-Zeitung, déi sech haaptsächlech op esou Evenementer spezialiséiert huet, ass dëse Feeler besonnesch penibel.
Um fréien Owend gouf de Feeler deelweis du vun der Gala erkannt a corrigéiert.