
Dat koum bei der Etüd vun der Martin-Luther-Universitéit Halle-Wittenberg (MLU) an der Universitéit Bamberg eraus, déi e Méindeg verëffentlecht gouf. Dobäi geet et manner ëm déi tatsächlech Muecht, mä ëm dat perséinlecht Wouer huelen.
181 Koppele am Alter tëscht 18 an 71 Joer goufen am Ganze gefrot, déi am Duerchschnëtt zanter 8 Joer zesumme sinn.
Et huet sech gewisen, dass Männer nach ëmmer méi positionell Muecht besëtzen, well si dacks nach ëmmer e méi héicht Akommes hu wéi Fraen a méi en héije Bildungsniveau hunn. Och d’Bedierfnes, Decisioune generell ze treffen, war bei de Männer am Duerchschnëtt méi staark ausgepräägt.
Béid Facteure weisen deemno awer keen Afloss op déi erliefte Bezéiungsqualitéit. Am glécklechste mat hirer Bezéiung waren awer déi Koppelen, bei deene béid Partner eng héich Mooss u perséinlechem Muechtgefill besëtzen. Wéi et schéngt wier virun allem déi subjektiv erliefte Muecht an d’Gefill, fräi ze handelen ze kënnen, fir d’Bezéiung vu Bedeitung. Bei de meeschte vun dëse Koppelen hu béid Geschlechter uginn, bei wichtegen Decisiounen hir Bedierfnesser duerchsetzen ze kënnen.