Geféierlech mam Fliger ënnerweeGéint den Harrison Ford gëtt ermëttelt

RTL Lëtzebuerg
Schonn nees koum et zu engem Tëschefall, bei deem den Hollywoodstar als Pilot hannert dem Steier souz.
© Afp

Déi amerikanesch Agence fir de Fluchverkéier ermëttelt géint den Hobbypilot Harrison Ford. De 77 Joer ale Schauspiller ass mat sengem Fliger iwwer d’Start- a Landebunn vum engem klénge Flughafen bei Los Angeles geflunn. An engem anere Fliger war een anere Pilot am Gaang op där Bunn ze üben an ze fléien. De Porte-Parole vum Schauspiller sot, et wier keen zu Schued komm an et wier näischt geschitt. Den Harrison Ford hätt sech direkt entschëllegt, well hien de Radiomessage vum Fluchhafe falsch verstane gehat hätt.

Schonn 2017 huet de Schauspiller mat sengem Fliger fir Opreegung gesuergt. Hien ass aus Versinn op engem gréissere Fluchhafe gelant an ass ganz no laanscht eng Boeing 737 mat 116 Passagéier geflunn. 2015 huet hie sech e puer Schanke gebrach, wéi hien op engem Golfterrain huet mussen noutlanden.

Back to Top
CIM LOGO