
Beim Bléck op de Kalenner leeft sou munch engem ee kale Schauer iwwert de Réck. Et ass nees souwäit: Freides den 13. Et muss een allerdéngs net fäerten, d’Haus ze verloossen, well der däitscher Assurance Gothaer no géinge manner Accidenter op deem Dag geschéien. D’lescht Joer ass den 13. Dag vum Mount 2 Mol op e Freideg gefall. Op béiden Deeg huet d’Versécherung jeeweils ronn 440 Fäll verzeechent, wat der däitlech manner si wéi soss. Wéi Gothaer matdeelt, wieren 2020 an der Moyenne 588 Accidenter op Méindeger geschitt, virzejoert esouguer 706 Stéck op dem éischte Wochendag.
Wat huet et mam Onglécksdag op sech?
De Mythos selwer ass ëm 1900 an den USA entstanen a koum eréischt nom Zweete Weltkrich zesumme mat anere kulturellen Aflëss och an Europa un. Den Erfinder vum Onglécksdatum soll e Finanzmanager vu Boston gewiescht sinn, deen e Buch iwwer Spekulatiounen op der Bourse geschriwwen hat mam Titel “Friday the 13th”.
Krankhaft Angscht virum Freideg den 13.
D’Angscht virum Freideg den 13. gëtt Paraskavedekatriaphobie genannt. Dëse Phänomen kann am Eenzelfall sou wäit goen, datt betraffe Leit Reesen a Rendez-vousen annuléieren oder sech op deem Dag emol net aus dem Haus trauen.