
Tëscht Mëtt Mäerz a Mëtt Abrëll soll d’Firma ganzer 200 Millioune Kondomer manner produzéiere wéi soss, heescht et vum Firmechef Goh Miah Kiat AFP géintiwwer.
Eng Nouvelle, déi grad an Zäite vu Quarantän fir schlecht Laun suerge kéint, well den Ament vill Koppelen nees méi Zäit fir eneen hunn an intim Momenter matenee verbrénge wëllen.
Wa sech d’Covid-19-Situatioun net ännert, géing et ouni Zweiwel zu engem Mangel kommen, verséchert de Goh. Donieft mussen d’Clienten domat rechnen, dass d’Präisser vun de Produiten och wäerten an d’Luucht goen.
3 Fabricken a Malaysia hunn nämlech um Ufank vun der Ausgangsspär hire Diere missen zoumaachen. An der Tëschenzäit dierf zwar nees produzéiert ginn, awer just mat der Hallschecht vun de Mataarbechter.
An Zukunft iwwerleet ee sech wuel besser zwee Mol, ob ee sech mat senger besserer Hallschecht en Netflix-and-Chill-Owend mécht, oder awer léiwer op klassesch Gesellschaftsspiller zeréckgräift.
