
Wéi de Grupp Armani en Donneschdeg matdeelt, ass den italieeneschen Designer Giorgio Armani am Alter vun 91 Joer gestuerwen. D’Moudenikon hat als Autodidakt kleng ugefaangen an an de 70er Joren e Moudeimperium opgebaut, zu deem nieft Kleeder och Bijouen, Parfumen, Miwwelen an Hoteller gehéieren.
Den Armani huet als Purist vun der Moudewelt gegollt. Hie war fir Entwërf vun dezenter a lässeger Eleganz bekannt. Och als Geschäftsmann war den Italieener immens erfollegräich. 2022 hat säi Grupp en Ëmsaz vun 2,35 Milliarden Euro gemaach.