
Dem Golden Retriever Mojito säin Numm hält, wat e versprécht. Net wäiss oder beige, mä hell gréng liicht dem Mippche säi Fell, dee viru kuerzem d’Liicht vun der Welt erbléckt huet. Geféierlech ass d’Faarf vu sengem Fell allerdéngs net.
D’Nogebuert huet sech bei der Gebuert opgeléist, nach éier d’Mojito iwwerhaapt op der Welt war. Grond fir den ongewéinleche Pelz ass de Inhaltsstoff Biliverdin, deen an der Nogebuert war.
Laang wäert dat Klengt seng Faarf awer net behalen, no kuerzer Zäit wäert dat gréngt Fell erauswuessen. Den Hulk hat seng Fanger wuel awer net am Spill, mä d’Natur...