
Wéi den Haff matgedeelt huet, war d’Grande-Duchesse op Visitt bei de Gruppe “Zoé” a “Yua”, Strukturen, an där jonk Meedercher, mannerjäreg Mamme mat hire Kanner, jonk schwanger Fraen an och elengerzéiend Elteren Hëllef kréien an accompagnéiert ginn.
Am Kader vun dëser Visitt, soll en neie Projete vun der Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse an Zesummenaarbecht mat den Ekippe vum Centre d’accueil lancéiert ginn. D’Grande-Duchesse wollt sech deemno am Virfeld iwwer den dacks schwéiere Parcours vu munche jonke Frae informéieren.
De Centre d’accueil Norbert Ensch gouf vum Lëtzebuerger Roude Kräiz an d’Liewe geruff, vun deem d’Grande-Duchesse zanter 2005 Presidentin ass.