
Den Hype vun Instagram wiisst ëmmer méi, dobäi dierfen d’Fotoe vun de User natierlech just positiv sinn. Keng Trauer, ëmmer frou, déi perfekt Schäiwelt. Ma den Instagram-Account “eva.stories” kéiert dëse Virstellungen de Réck. Dësen erzielt, wéi an engem Tagebuch d’Geschicht vun engem jiddesche Meedche wärend der Holocaust-Zäit. D’Erzielunge baséieren op richtegen Erliefnisser vum Eva Heyman, dat genau wéi 6 Milliounen aner jiddesch Affer an der Krichszäit ëmbruecht ginn ass.

Duerch déi aussergewéinlech Erzielweis ass den Zuschauer ganz am Liewe vum klengen Eva dobäi a fillt mat him mat. Déi sougenannten “Stories” weisen de Follower vum Account Biller an Zeene vum Eva, senger Famill a senge Frënn.
Ufangs ass d’Meedche glécklech. Hat lieft bei senge Grousselteren an Ungarn an huet schonn eng genee Virstellung, wat hat spéiderhi wëll ginn, nämlech Reporterin. En onbeschwéiert Liewen, dat op Instagram-Storyen dokumentéiert gëtt.

Mam Umarsch vum Nationalsozialismus a senger Heemescht ännert sech dat alles awer. D’Instagram-Storye gi ganz däischter, vum gléckleche Meedchen ass keng Spur méi. D’Eva gëtt mat senger Famill an d’Warschauer Ghetto bruecht a schliisslech an d’Konzentratiounslager an Auschwitz deportéiert. Säin Handy ass awer ëmmer dobäi, bis hat dann de 17. Oktober stierft.


Wat wier, wann ee Meedchen zur Zäit vum Holocaust Instagram gehat hätt? Dës Fro huet sech den israelesche Milliardär Mati Kochavi och gestallt. Hien huet zesumme mat sengem Meedche Maya den Account lancéiert a finanzéiert. Hiert Zil ass et, de jonke Mënsche weltwäit d’Geschicht vun der Ausläschung vun den europäesche Judden am Krich op de soziale Medie méi no ze bréngen, dass dës schrecklech Zäit net vergiess gëtt.

Dëse klenge Video gëtt engem ee kuerzen awer bedeitenden Abléck an d’Liewe vum Eva.