877 Milliounen US-DollarGréissten Eenzelgewënn an der Lotto-Geschicht ausbezuelt

RTL Lëtzebuerg
1,5 Milliarden Dollar hat d'Persoun aus South Carolina gewonnen. No de Steiere bleiwen elo nach 877 Milliounen iwwreg.
© AFP

Wat mécht ee mat iwwer 877 Milliounen US Dollar? Abee eng Persoun aus dem amerikanesche Bundesstaat South Carolina muss sech elo mat där Fro beschäftegen. Et handelt sech ëm dee gréissten Eenzelgewënn an der weltwäiter Lotto-Geschicht. U sech hat dee gléckleche Gewënner schonn am Oktober den Jackpot an Héicht vun 1,5 Milliarden Dollar geknackt. Hien huet sech awer elo eréischt bei der Lotto-Gesellschaft gemellt gehat. Well déi betraffe Persoun decidéiert huet, sech de Gewënn op ee Coup ausbezuelen ze loossen, muss si ee grousse Deel dovun u Steieren ofginn. Trotzdeem bleiwen ëmmerhin nach iwwer 870 Millioune Recht.

Back to Top
CIM LOGO