Fir Klimaschutz a karitativ ZweckerGreta Thunberg grënnt eege Stëftung

RTL Lëtzebuerg
Mam Präisgeld vum Alternativen Nobelpräis, deen d'Klimaaktivistin 2019 gewonnen hat, huet d'Greta Thunberg elo seng eege Fondatioun gegrënnt.
© Twitter / Greta Thunberg

Eng Millioun schwedesch Krounen (ronn 94.500 Euro) goufen an d’"Greta Thunberg & Beata Ernman Foundation” investéiert, mat där versicht soll ginn, sech fir de Klimaschutz anzesetzen. Donieft sollen och Sue fir karitativ Zwecker gespent ginn.

Enn Januar hat déi 17 Joer al Schülerin op Instagram vun där Initiativ beriicht. Am Fokus wäerten ekologesch, klimatesch a sozial Nohaltegkeet, wéi och déi mental Gesondheet stoen.

Zanter 1980 gëtt den Alternativen Nobelpräis verdeelt.

Back to Top
CIM LOGO