FashionGreta Thunberg inspiréiert d'Moud zu Paräis

RTL Lëtzebuerg
Déi schwedesch Klima-Aktivistin Greta Thunberg bestëmmt den Ament net nëmmen déi politesch Aktualitéit, ma scheinbar och d'Moudebranche.
Dior-Modelle mat Greta-Trëtzen
Dior-Modelle mat Greta-Trëtzen
© AFP

Dior huet bei de Paräiser Moudewochen hir Modellen en Dënschdeg den Owend mat Trëtzen op de Catwalk geschéckt, ganz am Greta-Thunberg-Stil. D’Gezei war mat Naturmaterialien verschafft, wéi zum Beispill Wëllblummen an Hanf.

Mat Kleeder a Gileten mat Bast-Applikatiounen huet déi italienesch Dior-Designerin Maria Grazia Chiuri hir Naturverbonnenheet zum Ausdrock bruecht. Si wéilt Gezei maachen, bei deenen et net ëm den Image geet, mä ëm d’Handelen. “Dat wichtegt Thema fir eis all, net nëmmen an der Moud, ass et, bei , wat mir maache méi responsabel ze sinn”, sou d’Designerin.

E Rack aus Bast
E Rack aus Bast
© AFP

Fir hir Show gouf e Bësch aus 160 echte Beem ëm de Catwalk opgebaut. Dës Beem solle spéider all an ee Park zu Paräis nees ageplanzt ginn.

Back to Top
CIM LOGO