
Dowéinst huet sech de Panoptikum op der Reeperbahn dozou entscheet, an noer Zukunft e Modell vum Greta Thunberg auszestellen. Dës wäert déi éischt Wuessfigur weltwäit vum 17 Joer ale Meedche sinn.
Wéinst senger Virbildfunktioun a Saache Klimaschutz an Ëmwelt hätt d’Greta Thunberg sech eng Plaz am Panoptikum zu Hamburg verdéngt, sou heescht et vum Wuessfigure-Musée.
Anescht wéi bei deenen anere Figure wäert d’Klimaaktivistin jee no Joreszäit aner Kleeder unhunn. Den 29. Januar ass et dann esouwäit: da wäert se offiziell virgestallt ginn.