Kritik un der Moud-BrancheGreta Thunberg um Cover vun der skandinavescher "Vogue"

RTL Lëtzebuerg
Déi 18 Joer al Klimaaktivistin huet et op déi wichtegst Säit vum bekannte Magasinn gepackt.
© AFP/File/Jonathan NACKSTRAND

Matzen an der Natur sëtzt d’Greta Thunberg an engem eleganten Trenchcoat an heemelt e Päerd. Eng Inzenéierung vun der jonker Aktivistin mat engem politesche Message.

Déi jonk Schwedin kritiséiert nämlech d’Masseproduktioun an der Moud-Branche a verweist op d’Ëmweltproblemer, déi domat zesummenhänken. D’Kleederindustrie géing vill zu der Klima- an Ëmweltproblematik bäidroen, ënnersträicht d’Thunberg. Donieft kritiséiert d’Aktivistin, dass d’Keefer mat Taktike wéi dem “Green-Washing” géingen hannert d’Liicht gefouert ginn. Vill Entreprisë géinge virginn, nohalteg, fair a klimaneutral ze gesinn, obwuel se net wierklech eppes fir de Klima an d’Ëmwelt géinge maachen. Kleedungsstécker aus der Masseproduktioun kéinten dem Gretha Thunberg no net nohalteg sinn.

Donieft huet si op déi schlecht Aarbechtsbedéngunge verwisen an op d’Ausbeutung vun den Aarbechter. Dowéinst fuerdert déi 18 Joer al Schwedin e Systemwiessel. Si hätt zanter e puer Joer keng nei Kleeder méi kaf. Déi leschte Kéier virun 3 Joer an engem Secondhand-Buttek, sou d’Thunberg der “Vogue” géintiwwer.

Back to Top
CIM LOGO