D’Päischtvakanz huet d’Schüler nach net wierklech mat schéinem Wieder verwinnt. Fir déi, déi des Schoulvakanz dann net am Ausland an der Sonn verbréngen, heescht et, Alternativen dobannen ze sichen.
Eng sou eng Alternativ sinn sougenannten “Indoor-Spillplazen”. An dat dës erëm op sinn, freet wuel net nëmmen d’Kanner. Ma och wann d’Hale mat Rutschbanen, Kloterméiglechkeeten an Trampoliner lo rëm op sinn, gëllen hei natierlech och speziell COVID-Reegelen.