FrankräichGrouss Nutella-Fabrick produzéiert nees vun e Méindeg un

RTL Lëtzebuerg
Vun e Méindeg u gëtt zu Villers-Ecalles nees Nutella produzéiert. Dat mellt "leparisien" a berifft sech op e Communiqué vu Ferrero.

Well et Problemer mat der Qualitéit vum Produit gouf, huet d’Fabrick en Dënschdeg zougemaach.

Eng genau Analyse huet awer erginn, datt kee Produit, deen zu Villers-Ecalles produzéiert gouf, e Gesondheetsrisiko géif duerstellen an d’Qualitéit vum Produit hätt och keen Defaut.

Et konnt een also alleguerten d’Bedenke besäitegen, esou datt Ferrero Frankräich d’Produktioun nees vun de Méindeg un ufänkt.

An der Fabrick ginn eng 600.000 Glieser den Dag hiergestallt, wat ronn ee Véierel ass, wat Ferrero op der ganzer Welt produzéiert. Trotz dësem Ausfall, konnt een d’Clienten awer weider mam Schockelsbotter, deen zu 56,3 Prozent aus Zocker an 30,9 Prozent aus Matière grasse besteet, beliwweren, huet d’Entreprise matgedeelt.

Back to Top
CIM LOGO