Eng 1.000 Leit waren e Freideg op der „Docler Circus“ Party an de Luxexpo. Dosenden Kënschtler hunn de ganzen Owend laang e Spektakel gemaach, iwwerschriwwen „Circus Bizarre“. E Spektakel, deen een hei am Land seelen ugebuede kritt.
Ënnert de Gäscht ware Personalitéiten aus Wirtschaft a Politik, mee awer och déi fréier Futball-Star Ronaldinho, Ambassadeur vum Teqball, eng Mëschung vu Pingpong a Futtball, déi vun Docler Holding entwéckelt gëtt.
Agelueden hat den ungaresche Millionnär Gyuri Gattyán, de Grënner a Chef vun Docler Holding. Docler Holding ass e multinationale Grupp am Bräich vum IT (Informations Technologien).
Docler Holding beschäftegt am ganze ronn 1000 Leit, dorënner eng 350 hei zu Lëtzebuerg.
Am leschte Joresrapport vun 2018 waren et nach 864 Leit weltwäit. Dem Rapport no, huet Docler Hodling S.à.r.l. d’lescht Joer – hei zu Lëtzebuerg eleng - méi wéi 5 Milliounen Euro u Steiere bezuelt.