
Nach ier de Bilan richteg gezunn ass, heescht et bei Amazon, dass dës Chrëschtsaison en neie Rekord war a Punkto Online-Vente. Weltwäit wieren dëst Joer virun a wärend dem Mount Dezember méi Artikele bestallt ginn, wéi all déi Jore virdrun.
Och bei Ebay ass ee mam Bilan beschäftegt, ma et ass nach een anere Punkt, dee wéi all Joer méi an de Fokus réckelt: Wat hunn d’Leit dann iwwerhaapt am meeschte kaf op d’Joer gekuckt? An am Online-Shopping weise sech zimlech kuriéis Virléiften....
Besonnesch beléift waren 2018, nieft virun allem elektroneschen Artikelen, Produiten fir de Stot an d’Kiche mat 6,5 Millioune verkaaften Eenheeten. Ganz wäit vir eng Tefal-Pan, déi nom beléiften TV-Kach Jamie Oliver benannt ass an och vun him mat entwéckelt gouf. Am meeschten als Kaddo bestallt, goufen iwwregens personaliséiert Etikette fir op d’Wäsch.
An der Kategorie “Health a Personal Care” ass et e ganz besonnesche Kalenner, deen immens beléift war, an zwar den Erotik-Adventskalenner mam Titel “Feel more love”. Op Plaz 2 kënnt d'40er Packung Durex-Gummien.
E wichtegen Trend gouf et am Onlinehandel awer mat “Smart Home”. Ganz vill vun de Konsumente hu Steckdousen a Luuchte gesicht an och kaf, déi ee mam Handy oder sproochgesteiert kann un- an ausschalten. Ongeschloene Verkafshit sinn och wéi all Joer nees Dampmelder.
Och den extrem waarme Summer huet am Online-Shopping seng Spuren hannerlooss. Op Ebay goufen zum Beispill tëscht Abrëll a September net manner wéi 3.700 Basengen den Dag verkaf, een Drëttel méi wéi dat Joer virdrun. Do wonnert et och net, dass de Juli mat sengem Hëtzt-Rekord och fir e Rekord bei der Online-Vente vu Klimaanlagen a Ventilatoren gesuergt huet. Eleng den 31. Juli goufe ronn 7.400 Klimaanlagen a 15.600 Ventilatore bestallt.
En neien Hype gouf et awer och ëm d’Skateboard- a Kleedermark Supreme. De Label gëtt et schonn zanter 2004, am leschte Joer war d’Mark dunn awer nees extra vill gefrot. All nach sou klenge Produit, op deem de rout-wäisse Kult-Logo drop war, war bannent kuerzer Zäit vergraff. D’Rimowa-Wallis am Supreme-Design gouf eleng am Abrëll all 1,9 Minutt op Ebay gesicht.
Ganz aussergewéinlech Wënsch haten d’Clienten awer op der däitscher Verkafsplattform “Wer liefert was”. Do goufen d’lescht Joer zum Beispill extra vill Wunncontainer bestallt, mä gesicht waren och explosiounsgeschützte Frigoen, Afebroutbeem, Keuchheitsgürtelen a souguer Einhörner.
Zum absolute Verkafshit gehéiert wéi all Joer awer och nees Alkohol. 2018 war et virun allem de schottesche Single Malt Whisky, deen am meeschte kaf gouf. Vill gefrot waren z.B. e 16 Joe alen Lagavulin an en 10 Joer alen Laphroaig.