Live! Planet People am REPLAYGunther Thiersch, Philippe Ernzer, Arny Weber

RTL Lëtzebuerg
Am Live! Planet People WAREN um Freideg 3 Männer op Besuch, déi mam Wieder ze dinn hunn.
VIDEO: Live! Planet People
Den Talkmagazin um Freidegowend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.

De Gunther Thiersch presentéiert d’Météo beim ZDF, a mécht sech Gedanken iwwer de Klimawandel. Als Kand huet e schonn eng Goldmedail als Steiermann am “Deutschen Achter” am Rudderen gewonnen, an huet bei den olympesche Spiller de Fändel gedroen.

1986 stoung hien eng éischte Kéier virun der Wiederkaart, an zanter 2004 ass de leidenschaftlechen Hobbypilot Chef vun der Wiederredaktioun, fir déi 10 Meteorologe schaffen.

Mat 10 Joer krut de Philippe Ernzer eng Wiederstatioun geschenkt an doraus gouf Météo Boulaide. Hie geet nach an d’Schoul a léiert Informatik am leschte Joer.

D’Donnerwieder de 6. Juli 2014 dat deemools och op der Foire Agricole zu Ettelbréck geroost hat, hat hie schonn am spéide Moie virausgesot an aktuell huet hie 47.000 Abonnenten op Facebook.

Den Arny Weber brauch gutt Wieder fir säin Hobby, d’Seegelfligerei, déi hien elo 22 Joer passionéiert. Am Lycée du Nord gëtt hie Bio a méi wéi 10 Joer ass hien Instrukter am Seegelfléien.
3.000 Fluchstonnen huet hien erof, dovunner 2.000 an den Alpen.

Back to Top
CIM LOGO