
112.000 Dollar (95.000 Euro) huet eng Persoun fir eng wäiss Händsch mat Pailletten op den Dësch geluecht, déi de Michael Jackson 1984 wärend senger Victory-Tour unhat.
Nach méi Geld huet eng Persoun fir e Concertspouster aus de 50er Joer bezuelt. Knapp 119.000 Dollar war de Pouster engem Museksfrënd wäert, op deem Rock’n’Roll-Stare wéi Buddy Holly, Chuck Berry a Jerry Lee Lewis ofgebillt waren.
E schwaarzwäisse Pop-Art-Pouster vun der Band Jefferson Airplane aus dem Joer 1966 huet méi wéi 11.000 Dollar erabruecht. E weidert interessant Erënnerungsstéck war en Handziedel vum Bob Dylan, dee fir 4.000 Dollar versteet gouf.
Och Géigestänn vun der Rock-Legend Linda Ronstadt koumen ënnert den Hummer. Dat deierst Erënnerungsstéck war hire Grand Piano vu Yamaha, dee fir 35.000 Dollar de Besëtzer gewiesselt huet.