VIDEO-ReportageHannert de Kulisse vum Famillenduell

RTL Lëtzebuerg
Et ass nees esou wäit. Et heescht erëm "Mir hunn 100 Leit gefrot". Déi nei Episode vum Famillenduell fänken un.
Hannert de Kulisse vum Famillenduell
Et ass nees esou wäit. Et heescht erëm “Mir hunn 100 Leit gefrot”. Déi nei Episode vum Famillenduell fänken un.

Vum 26. Februar u ginn déi nei Episode vum Famillenduell op RTL Télé Lëtzebuerg gewisen. Esou eng Spillshow ze produzéieren, bedeit vill Aarbecht hannert de Kulissen.

All Famill gëtt vun engem Coach betreit. Hien erkläert d’Reegelen, versicht de Kandidaten d’Opreegung ze huelen a si ze motivéieren. Mä och de Moderator Dan Spogen, d’Technik an d’Regie musse sech optimal fir all Opzeechnung virbereeden.

Mir ware bei den Opname vun den neien Episode vum Famillenduell dobäi a kruten een exklusiven Abléck hannert d’Kulisse vun der Spillshow.

Déi nei Episode vum Famillenduell gi vum 26. Februar u vu méindes bis donneschdes um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg diffuséiert. Freides um 20 Auer leeft de Famillenduell dann ëmmer an der Widderhuelung.

Wann Dir an är Famill elo selwer matspille wëllt, fannt Dir de Formulaire op RTL.lu.

Back to Top
CIM LOGO