"Luxemburgerli"Hannert de Kulisse vum Yves Jehanne sengem Patissier-Cours

RTL Lëtzebuerg
An der Schwäiz gi se "Luxemburgerli" genannt, zu Paräis an an der ganzer Welt ass dat klengt séisst Gebäck besser als "Macaron" bekannt.
Luxemburgerli-Course beim Yves Jehanne
Déi séiss “Luxemburgerli” oder “Macaron” kann een och selwer maachen.

Den Yves Jehanne ass Chef-Patissier bei engem groussen Traiteur hei am Land an huet eis mat geholl hannert d’Kulisse vun engem vu senge Coursen. Et gëtt se zwar vläicht just an enger Form, ma dofir awer a ville verschiddene Faarwen a Goûten. Ma amplaz déi kleng Delikatesse ëmmer nees mussen an der Patisserie ze kafen, kéint ee"Luxemburgerli” se dach mol ganz einfach sëlwer doheem maachen. Ganz sou einfach ass et awer net. Macaron sëlwer maachen ass nämlech eng Konscht fir sech.

Back to Top
CIM LOGO