Wat hien an enger "Sperrmüllzeitung" kaf huet, war schlussendlech op bis zu 1.000 Euro geschat ginn. An mat där Geschicht ass hien net eleng. A 24 Episoden ware vill Iwwerraschungen, perséinlech Anekdoten a ganz besonnesch Objeten dobäi.
Wien d'Summer-Emissioun "Derwäert" nach eng Kéier Revue passéieren wëll loossen, kann dat ëmmer nach am RTL Play. Do sinn all d'Folgen ze fannen an deenen sech alles ëm d'Léift zu verstoppte Schätz dréit.